Mittwoch, 14. Januar 2015

“Nichts ist heilig”


Sou ass e Leitartikel iwwerschriwwen, deen haut (14.01.2015) op Tageblatt online verëffentlecht ginn ass. Wéi sou dacks an deene läschten Deeg muss Pegida an d`Terroraktioune vu Paräis duerhalen, fir eng skuril Siicht vun der Fräiheet breet ze trëppelen.
Dem Här F. Wagner, aus deem senger Fieder dësen Artikel staamt, genéiert sech nët fir sengen iwwerhieflechen Aussoen duerch d`Uwende vum “Pluralis Majestatis” als absolut hinzestellen . Sou betount hien: “... wir können Ihnen hier kurz und präzise erklären, was heilig ist: nämlich NICHTS! Nichts ist heilig. Nichts ist tabu. Und ALLES darf karikiert werden.” Dat erkläert hien dem Imam vu Mamer, deen ët gewot huet, eng aner Meenung iwwert dee Sujet ze hunn a proposéiert huet mat de Vertrieder aus anere Reliounen doriwwer ze schwätzen.

Fir d`éischt zum Thema Karikatur. Eng Karikatur stellt Persounen oder Situatioune bewosst iwwerspëtzt duer; si ka lächerlech maachen oder ukloen. Ech hu keng Definitioun fonnt, déi erlaabt, datt eng Karikatur ka beleidegen. Bis elo huet een ët nët néideg gehat duerch iergend eng Zensurmoossnam  ze reglementéieren. Leit mat Manéieren hunn hir Matbierger mat Respekt behandelt – och wa si se op Mängel a Feeler higewisen hunn.

Wann een als neutrale Nokuckert d`Reaktioune vu ville Politiker an dem gréissten Deel vun der Press iwwer Pegida registréiert, da kann een nët iwwersinn, datt “Respekt” zu engem Friemwuert mutéiert ass. Vun “Unanständige” bis “Scheissnazi” wor alles drënner, nët ze vergiessen déi intelligent Ausdréck vum Schreiwer vun dem Tageblatt-Leitartikel: “Brunzköpfe ... Kretins ... Bornierte”. Wéi bornéiert muss ee sinn, fir sech esou iwwert d`Meenung vun anere Leit z`erhiewen, grad dann wann een nët hierer Meenung ass! Wann d`Recht op eng aner Meenung nët respektéiert gëtt (dat huet näischt domat ze dinn, dat ee mat där Meenung averstan ass!), mee wann dat Recht mat Nidderjäitzen, Verleumden a Lächerlechmaachen bekämpft gëtt, dann ass dat en Zeeche vun deem schlechte Gesondheetszoustand vun der Gesellschaft.
Dann zur Ausso “NICHTS ... ist heilig”, absolut näischt; duerop pocht den F. Wagner. Duerfir schreift hien ët a grousse Buschtawen. Onofhängeg dovun, datt fir gleeweg Leit hire Gott helleg ass, gëtt et fir all Mënsch Persounen, déi fir hien helleg sinn. Wann den Här Wagner dat nët versteet, da soll hie sech emol virstelle, wat seng Reaktioun wier, wann ech déi Mënschen, déi hie gären huet, ganz onhelleg duerch Beleidegung op d`Schëpp géing huelen. Wann hien domat kee Problem huet, dann huet e wierklech e Problem!

“Die Würde des Menschen ist unantastbar.” Dësen einfachen an awer bedeitungsvolle Saz steet am Däitsche Grondgesetz. Ët bedeit nët manner, wéi datt all Diskriminéierung, Beleidegung, Erofmaachen a Meenungsënnerdréckung z`ënnerloossen ass. Vläicht mécht den Här Wagner sech emol doriwwer Gedanken, éiert hien déi nächste Kéier de Griffel an de Grapp hëlt.

Samstag, 3. Januar 2015

Moralesche Niddergang (2)


2.  Famill a Bestiednes


Nodeem déi éischt Schwulen- an déi éischt Lesbe-Koppel bestued sinn an eis Regierungsparteien eent vun hiren Haaptziler konkretiséiere konnten, ass ët Zäit, sech iwwert gesellschaftlech Ännerung Gedanken ze maachen. Ech hu meng Bedenken, wat d`Folge vun dem Homobestiednes ubelaangt. Aus menger Siicht gesinn ech 3 méi oder wéineger grouss Problemer op eis duerkommen.
a.       D`Bewäertung vun der traditioneller Famill, d.h. baséiert op dem Bestiednes vun engem Mann mat enger Fra. A praktesch alle Kulturen steet dës Konfiguratioun am Mëttelpunkt vun der Gesellschaft – verschiddentlech mat der Variatioun vun e pur Frae mat engem Mann oder, méi seelen, vun e pur Männer mat enger Fra. Si ass d`Gronbedingung fir de Fortbëstand  oder d`Weiderentwécklung vun der Gesellschaft. D`Weiderexistenz vun der mënschlecher Rass ass nure garantéiert duerch d`Vereenegung vun engem Mann mat enger Fra, onofhängeg vun alle postmoderne, genderistesche Phantasien. Eng opgeschlosse Familljepolitik muss déi traditionell Famill ganz uewen op hirem Aktiounsplang stoen hunn. Dat huet näischt mat Konservatismus an Hinterwäldertum ze dinn, mee ass ganz kloer zukunftsorientéiert. Eng Familljeministesch, déi deklaréiert, “keng natalistesch Politik” bedreiwen ze wëllen, ass a mengen Ae kloer op der falscher Plaz.

Der traditioneller Konstellatioun 1Mann-1 Fra gehéiert an der Familljepolitik ganz eendeiteg di éischt Prioritéit! Si steet als eenzegaarteg do, well si als eenzeg vu sech aus reproduzéierbar ass. Wann aner Partnerschaften legaliséiert solle ginn, da soll dat méiglech sinn, wann d`Vollek dat esou wëllt an ët moralesch vertrietbar ass. Déi exklusiv Positioun vun der traditioneller Famill muss awer ëmmer eng exklusiv bleiwen a vun der Gesellschaft prioritär (!) ënnerstëtzt ginn. 

b.      D`Legaliséierung vun dem Homobestiednes huet dëser Aart vu Partnerschaft Virdeeler bruecht – an domat aner Aarte vu Partnerschaft diskriminéiert.  Vill Mënschen liewen an enger Partnerschaft zesummen, gläichgeschlechtlech oder och nët. Si deelen d`Wunneng an d`Flichten am Haus, verbréngen hir Zäit zesummen a sinn ee fir deen aneren do, a gudde wéi a manner gudde Stonnen. Just d`Bett deelen se nët. Sollte si nët och déi nämlech Rechter hunn wéi déi, déi sech als Homo “outen”?

Oder wéi ass ët mat dem Wittmann an der Wittfra, déi sech fonnt hunn a sech gären hunn. Ass ët wierklech an der Rei, wa si a “wilder Ehe” zesumme liewe mussen, fir nët nach méi benodeelegt ze ginn duerch de Verloscht vun Deeler vun hirer Rent. Wier ët nët ubruecht, grad hinnen – an ët gëtt der ëmmer méi – d`Méiglechkeet unzebidden, sech ze bestueden ouni datt dat hinnen e finanzielle Nodeel bréngt. 

c.       D`Homobestiednes ass eng éischt Etapp um Wee zu weideren onorthodoxe Forme vum Zesummeliewen. D`Partnerschaft zu 3 a méi Persounen ass nët méi wäit. Neen, d`Phantasie geet nët mat mer doduerch, mee ech kucke, wat esou an der sougenannter ziviliséierter Welt geschitt a kommen aus dem Staune nët méi eraus. An England huet en Trio vun dräi Frae sech d`Recht geriichtlech erkämpft, sech mateneen ze bestueden. Ob d`Queen doriwwer “amused” wor ass nët aus de Noriichten ervirgaangen – ech wor ët op jidder Fall nët. Wéini déi nächst “Multi-Partnerschaft” (hei kann ee jo nët méi vun enger Koppel schwätzen) ofgeseent gëtt ass nure nach eng Fro vun der Zäit. Vläicht sinn ët dann 3 Männer oder 2 Männer mat enger Fra oder 2 Frae mat engem Mann, oder firwat net 4 Persounen a 5 verschiddene Variatiounen. D`Polygamie steet virun der Dier a mär wäerten se era loossen.

An Däitschland huet den nationalen Ethik-Rot zu enger weiderer Etapp opgeruff. Hien huet den Autoritéite geroden, enger Koppel vu Brudder a Schwëster d`Bestiednes  ze erlaben ... obwuel déi zwee schonn zwee Kanner zesummen hunn – allen zwee geeschteg behënnert.  

Ech kann do nure nach soen: eis Zivilisatioun ass am gaang dat Graf auszeschëppen, an där se selwer wäert begruewe ginn!

Unerkennung vu Palästina.


Eng vun de läschten Aktiounen vun eiser Chamber am vergaangene Joer wor ët, de Wee fir eis Regierung fräizemaachen, Palästina als e Staat unzeerkennen. Als Bedingung wor, dës Unerkennung ze deklaréieren, wann dee richtege Moment komm wier fir dës Aktioun. Wann een den Äifer gesäit, mat deem eisen Ausseminister sech hannert d`Palästineser stellt, dann dierf een der Usiicht sinn, datt hie geschwënn wäert de “richtege Moment” erkannt hunn.

Ech fannen ët ower paradox, wa sech do beméit gëtt, Palästina als Land unzeerkennen, wou bis haut weder d`Hamas nach d`Fatah bereet ass, Israel hirersäits als Staat unzeerkennen. Dobäi wor Lëtzebuerg een vun deenen 33 Staten vu 56, déi den 29. November 1947 dem UN-Deelungsplang zougestëmmt hunn, deen ët erlaabt huet, datt de 14. Mee 1984, nom Enn vum britesche Mandat, Israel seng Souveränitéit ausgeruff huet. Nach deen nämmlechten Dag hunn d`”Palästinenser” mat hiren arabesche Frënn déi jonk Natioun ugegraff, mam Zil  Israel ze zerstéieren an d`Judden an d`Mir ze dreiwen. (Ech hu “Palästinenser” a Gänseféissercher gesat, well ët deemools dat “palästinensescht Vollek” nach nët gouf! Dee Begrëff gouf eréischt 1964 erfonnt.) Dat ass, wéi mer all wëssen, nët gelongen.

Mee dat Zil ass ower ni aus den Ae verluer gaang  an d`Hamas huet d’Zerstéierung vun alle Judden nach haut an hirer Grondsaatzerklärung stoen. De facto also wëlle mer eng Bevëlkerungsgrupp als Staat unerkennen, déi als éischt Zil huet, den Nopeschstaat ze zerstéieren. Do muss emol ee mer erklären, wat dat zur “Friedensfindung” ka bäidroen.

Ech wëll an deem Zesummenhang op en Artikel hiweisen, deen aus der Fieder vun engem palästinensesche Geléierte staamt. Vläicht kann dëse realistesche Mann  muncherengem zu enger iwwerraschender “Wahrheitsfindung” verhëllefen.