Sonntag, 22. Februar 2015

Iwwer d`Walrecht zu Lëtzebuerg


Viru kuerzem konnt een op RTL d`Meenung vum Paul Kremer zum Walrecht fir Auslänner lauschteren. (http://www.rtl.lu/meenung/607577.html). Ech ka mech där Positioun nuren zu 100% uschléissen, wëll ower elei nach e puer zousätzlech Iwwerleeungen an d`Gespréich bréngen. Iwwer deen aarmséilege Versuch vun der Regierong mam Begrëff “Awunnerwalrecht”  deen “diskriminéierende”  Begrëff “Auslänner” aus der Schosslinn ze huelen, huet de Fernand Kartheiser schonn op sengem Blog (http://fkartheiser.lu/?p=4977) geäntwert. Ech wëll elei op verschidden aner Argumenter vun de Vertrieder vum “Auslännerwalrecht” agoen.

Et héiert een ëmmer erëm, datt ët Apartheid wier, d`Ausslänner nët wielen ze loossen. Dat Argument läit nun ower total dernieft. Apartheid bezeechent een dat, wat a Süd-Afrika am 20. Jorhonnert d`politescht Liewe bestëmmt huet. Hei huet eng zougewandert wäiss Bevölkerungsgrupp déi agebueren (also am Land gebueren) schwaarz Bevölkerungsgrupp ënnerdréckt. Ët wor also eng Rassendiskriminéierung vun nët einheimesche Wäissen iwwer einheimesch Schwaarzer, déi an hirem eegene Land näischt méi ze soen haten. Wien do Parallele mat Lëtzebuerg gesäit muss beim Optiker passéieren.

Genee esou falsch ass ët, d`Ausschléisse vun Auslänner bei den nationale Walen als Diskriminatioun ze bezeechnen. All Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, si fräiwëlleg bei eis komm, mat dem Wëssen, datt, wa si op eng komplett Integratioun géinge verzichten, d.h. also d`lëtzebuerger Nationalitéit nët géingen unhuele, si vun de Parlamentswalen ausgeschloss wieren. Si hunn aus wat fir Grënn och ëmmer drop verzicht, sech z`integréieren; si wëllen eis Sproch nët léieren, si feieren hir national Fester, hu keng Anung vun eiser Geschicht a brauchen no 20 Joer am Land nach ëmmer eng Landkaart, fir ze gesinn wou Veiane läit. Si sinn a bleiwen Auslänner. Als Auslänner hu si bei eis nët manner Rechter wéi a bal alle Länner vun eiser Äerd, mat deem Virdeel, datt si no relativ kuerzer Zäit d`lëtzebuerger Nationalitéit unhuele kënnen, ouni d`Nationalitéit vun hirer Ofstamung opzeginn (fir mech bleift ët trotzdem e Rätsel, wéi een z.B. gläichzäiteg Lëtzebuerger a Fransous ka sinn an domadder d`national Parlamenter an zwee Länner ka matbestëmmen; ass dat keng Diskriminéierung vun all deenen, déi nueren an engem Land wiele kënnen?).

D`Verdeedeger vum Auslännerwalrecht bréngen hir Argumenter gären esou eriwwer, wéi wann eis aktuell Situatioun eis vis-à-vis vun eise Noperen an e schlecht Liicht géing stellen. Si soen ët nët, well ët absolut falsch wier, mee si maachen eis gleewen, wéi wann d`Auslännerwalrecht op der ganzer Welt verbreet wier. Dat ass ower absolut nët de Fall. Vum Vatikan ofgesinn hunn d`Auslänner nach an 2 (zwee!) Länner d`Recht, bei nationale Wale matzemaachen. Dat eent ass den Uruguay, e kommunistesch gefouerte Staat a Südamerika, dat kaum Zouwanderung verzeechent. Dat anert ass Neiséiland, e Land wat vill “Aussteiger” unzitt. Fir a Neiséiland anzewanderen ass nët esou einfach. En éischte Critère ass d`Beherrsche vun der Sprooch! Mee donieft gëtt ët nach eng Abberzuel vu Bedingungen, déi jiddereen däerf am Internet nokucken (http://www.newzealandshores.com/new-zealand-visas/permanent-residency oder http://www.immigration.govt.nz/ ). Wien ënnert deene Bedingunge nach wëllt awanderen, ass am Häerz schonn e Neiséilänner. Nieft dësen zwee Länner gëtt ët nach Länner, déi a bi-lateralen Ofkommes deene jeeweilegen Auslänner aus deem anere Land d`Nationalwalrecht zougestinn. Ët sinn dat Länner, déi duerch hir gemeinsam Geschicht aus der Kolonialzäit resp. der Zäit vum Commenwealth nach méi enk matenee verbonne sinn (z.B. Portugal a Brasilien; England, Wales, Schottland a Nordirland).

“Wien hei Steiere bezilt, soll och hei wiele kënne goen.” Dat Argument gëtt och ëmmer erëm ervir bruecht. Dee logeschen Ëmkéierschloss wier: wie keng Steiere bezilt duerf nët wiele goen (Aarbechtsloser, Hausfraen, Studenten, kannerräich Familljen, Aarbechter mat geréngem Akommes asw.) D`Recht wielen ze goe baséiert ower nët op eisem finanzielle Beitrag zu dësem Staat, mee eis Zougehéieregkeet, eis gemeinsam Identitéit! D`Argument vun de Steieren hippt op alle Säiten. Gëlt dat fir jiddereen, deen hei Steiere bezilt oder ass do e Minimum virgesinn? Kréie Vereenegungen a Firmen, déi hei Steiere bezuelen, och national Stëmmen? Wéi ass ët mat deene, déi all Woch e pur Mol am Land tanken (z.B. Camionneuren) ouni hei ze wunnen an ze schaffen, ower ganz dacks méi Steieren (Accisesteier) bezuelen, wéi e Letzebuerger? Heescht dat, datt d`Frontalieren och eist nationaalt Parlament matbestëmme kënnen?

Wann een am Ausland doriwwer schwätzt, datt bei eis d`Walrecht vun Auslänner diskutéiert gëtt, da muss een dat zwee Mol soen, well d`Leit mengen, si hätte falsch verstan. Et ka kee sech virstellen datt ët och nuren ee Land gëtt, wou d`Auslänner matbestëmmen duerfen iwwert déi national Politik. Ët freet ee sech wierklech, wat d`Ursaach ass zu dësem Schrëtt. Wëlle mer villäicht och doranner erëm méi europäesch wéi de Rescht vun Europa sinn an dat federalt Europa bei eis ausprobéieren?

Nach eng Iwwerleeung zum Schluss. Ganz dacks si mir am Ausland bei Frënn op Besuch; genee esou dacks hu mer och Leit bei eis zu Gaascht. Als Gäscht si mir ët gewinnt, eis eiser Gaaschtfamill unzepassen; genee esou verhalen Gäscht sech bei eis. Ech hunn ët nach ni erlieft, datt mär als Gaascht oder eis Gäscht versicht hätten, sech an d`Organisatioun vun der Gaaschtfamill anzemëschen. Sou lieft jiddereen am Respekt vir den aneren.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen