Donnerstag, 8. Mai 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (3. Deel)


(2.    Den Afloss vun dem Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft)
 

·         Sklaverei

Schon zu bibleschen Zäiten haten d`Chrëschten eng aner Astellung géintiwwer der Sklaverei. Wuel hu si d`Sklaven opgefuerdert, hire Meeschteren ze follegen (z.B. Epheser Bréif 6,5), si selwer hun d`Sklaven ower als gläichwäerteg Mënsche gesinn (z.B. 1. Korintherbréif 12,13). E ganzt Buch aus dem Neien Testament (Bréif un de Philemon) beschreift d`Beméiunge vum Paulus, de Sklav Onesimus, dee vu sengem Meeschter fortgelaf wor, als fräie Mënsch bei saïn ale Meeschter zeréck ze féieren.

An den USA war ët de Quäker Anthony Benezet, deen sech als éischten géint déi deemoleg Form vu Sklaverei agesat huet. A verschiddene Schrëften huet hien am 18. Joerhonnert d`Situatioun vun de Sklave beschriwwen. Zu Philadelphia huet hien eng Schoul fir schwaarz Kanner gegrënnt an kuerz duerno mat der “Society for the Relief of Free Negroes Unlawfully Held in Bondage” déi éischt Gesellschaft gegrënnt, déi sech mam Sklaveproblem befaasst huet. Et kann een hien zu Recht als de Begrënner vun der Anti-Sklave-Bewegong bezeechnen. De Methodist John Wesley huet sech duerch d`Initiativ vum Benezet encouragéiert gespiert an sech am Joer 1774 a senger Schrëft “Thoughts about Slavery” zum Verdeedeger vun de Sklaven an zum Ukléier vun de Sklavenhaler  gemeet.

An Europa sinn ët besonnesch zwee chrëschtlech Männer, déi sech beim Kampf géint d`Sklaverei ervir gedunn hunn. Et sinn dat de John Newton (1725-1807) an de William Wilberforce (1759-1833), déi an England eng joerelaange Campagne gefouert hunn. De Newton wor selwer a senge jonke Joeren als Schëffskapitän beschäfteg, Sklaven aus Afrika op d`Sklavenhandelsplazen ze féieren. No senger Bekéierung huet hie sech komplett géint d`Sklavegeschäft gekéiert. Als Anglikanesche Paschtouer huet hien seng ganz Energie agesat, fir fir d`Fräiheet vun de Sklaven ze kämpfen. De Newton, deem mer dat Lidd “Amazing Grace” verdanken, huet spéider de Wilberforce ëmmer erëm a sengen Ustrengunge géint Sklaverei ënnerstëtzt. Den evangelesche Chrëscht huet sech als Member vum Englesche Parlament als Leeder vun den Abolitionisten géint Sklaventum agesat. E laange Kampf huet hien och kierperlech ëmmer erëm geschwächt, mee hien huet nët noginn. No 26 Joer onermiddlechem Asaz ass hien den 29 Juli 1833 gestuerwen, 3 Deeg nodeem den “Slavery Abolition Act” a Kraaft getruede war.

·         Rassendiskriminéierung

Et soll elei drun erënnert ginn, datt ët apaart Chrëschte woren, déi de gewaltfräie Kampf géint d`Apaartheet ugereegt an och ugefouert hunn.

A Südafrika stécht do ganz besonnesch den anglikanesche Bëschof Desmond Mpilo Tutu ervir. No de Protester vu Soweto (1976) huet hie sech fir e wirtschaftleche Boykott vu Südafrika staark gemeet. Ëmmer erëm huet hien zu friddleche Protestmärsch opgeruff, éier 20 Joer méi spéit d`Rassendiskriminéierung iwwerwonne wor.

An den USA steet eng kleng, bescheide Chrëschtin um Ufank vun dem laangen, awer erfollegräiche Kampf géint d`Rassendiskriminéierung. Zu Montgomery/Alabama huet déi jonk schwaarz Fra Rosa Parks, midd no engem laangen Aarbechtsdag, hir Plaz am Bus nët fir e Wäissen opginn. Déi gleeweg Chrëschtin, déi spéider bekannt huet, d`Kraaft zu deem perséinleche Boykott hätt si an hirem Glawe fonnt, gouf verhaft an zu enger Strof veruerteelt. Duerop ass e Boykott géintiwwer der Busgesellschaft ausgeruff ginn, an e jonke Baptistepastor ass un d`Spëtzt vun der Bewegung geruff ginn. Säin Numm ass haut an der ganzer Welt bekannt als Synonym fir gewaltfräie Protest: Dr. Martin Luther King Jr. Ouni besonne Mënsche vu Glawen wieren d`Vereenegt Staten mat Sécherheet an e Biergerkrich geroden. Onermiddlech hu si zu Fridden an Nächsteléift opgeruff. De Martin Luther King ass de 4. Abrëll 1968 duerch d ‘Kugelen vun engem aarmséilege Mäerder gestuerwen, fir als e nationalen Held bis haut an den Häerzer vu ville Mënsche weider ze liewen.

·         Chrëschten am Krich an a Krisegebidder

Och wann ee bekloe muss, datt am Zesummenhang mam 2. Weltkrich grouss Deeler vun der Kierch mat ville vun hire Vertrieder allze séier op den Nazi-Zuch opgespronge sinn, sou muss een trotz allem zouginn, datt – nieft deene ongezielten Affer un der Front –  vill Chrëschten hiert d`Liewe riskéiert an och zum Deel verluer hunn am Kampf géint de Naziregime. D`Roll vun der “Bekennender Kierch” gëtt leider an deem Kontext ze séier iwwersinn. Et sief duerfir hei nueren u säi prominenteste Vertrieder erënnert. Den Dietrich Bonhoeffer, e luthereschen Theolog huet a Priedegt a Schrëft sech nët gescheit, déi ongeschminkte Wourecht ze erklären. Ëmmer nees gouf hie verhaft a gefoltert, e krutt Ried- a Schreifverbuet. Dat huet hien nët dru gehënnert, weider den Nazirégime unzegräifen. Hien huet ët ofgeleent, an d`USA auszewanderen, fir kuerz duerno nees verhaft ze ginn. Hien ass den 9. Abrëll 1945 am KZ Flossenbürg erhaange ginn. Leit wéi den Bonhoeffer, déi sech offe géint den Hitler gestallt hunn, oder wéi de Franziskaner Pater Maximilian Kolbe, déi hiert Liewen heldenhaft fir anerer ginn hunn, hunn déi Aufgab erfëllt, zu deenen Chrëschten am Krich opgeruff sinn: sech fir d`Wourecht an d`Recht vun all Mënsch op Fridden a Fräiheet anzesetzen.

Zu esou Helden duerf een och de kathoulesche Priister a Bëschof vu San Cristobal/Mexiko (Asaatz géint d`Ënnerdréckung vun de Maya, den Urbewunner vu Mexico) derbäi zielen, grad esou wéi den Dom Hélder Câmara, Äerzbëschof vun Olinda a Recife/Brasilien (Kämpfer fir Mënscherechter a géint den Terror vun der Militärdiktatur a Brasilien), oder och nach den Oscar Arnulfo Romero, Äerzbëschof vu San Salvador (Kämpfer géint den Aarmut, d`Ënnerdréckung, d`Folter an d`sozial Ongerechtegkeet a sengem Land), deen während enger Mass um Altor erschoss gouf.

Si all stiechen ervir, well si Leit mat Numm a Rang woren. Mee an hirem Kampf si si ënnerstëtzt gi vun ongezielten anere Chrëschten, vun deenen der vill hiert Liewe gelooss hunn fir eng gerecht Saach.

·         Naturschutz

Wann ët fir Chrëschten eigentlech normal misst sinn, sech fir de Schutz vun der Natur anzesetzen, well se jo domatt Gott, deen dat geschafen huet, d`Éier ginn, gëtt ower och eng Part bemierkenswäert chrëschtlech Perséinlechkeeten, déi mer haut ouni ze Zécken als bedeitend Naturschützer géinge bezeechnen.

Ganz uewe steet do mat Sécherheet de Franz vun Assisi, deen nët nuren duerch säi Sonnegesank  gären als heemleche Patréiner vun de Naturschützer ugesi gëtt.

Méi e moderne Vertrieder vum Naturschutz ass sécherlech de Nikephorus vu Chios. Hie wor e Klouschterbrudder op der klenger griichescher Insel Chios. Enn 18.-Ufank 19. Joerhonnert huet hie sech am Klouschter em déi jonk Beem gekëmmert. Duerch hien goufen Chios, wou bis dohin nuren Sträicher gewuess sinn, ëmmer méi Beem geplanzt, am Ufank vun him selwer, duerno vun de Bewunner, déi vum Klouschter d`Beem zer Verfügung gestallt kruten.

Säi Géigestéck wor zur nämlechter Zäit an Pennsylvania de Missionär John Chapman (haut nach a Kannergeschichten als Johnny Appelseed erëmzefannen), deen a groussen Deeler vu Pennsylvania, Ohio, Indiana an Illinois onermiddlech Äppelbeem geplanzt huet.